Skip to main content

Positiounsblat zum Thema Ofdreiwung

By 15. Juli 2022Juli 18th, 2022Allgemein

Positiounsblatt zum Thema Ofdreiwung

Moralesch an Ekonomesch Aspekter : Auteur : Maksymilian Woroszylo, President

An eiser moderner Gesellschaft ass d’Ofdreiwung, virun allem ëmmer méi an den westlechen Länner, Gang und Gebe. Firwat des kontrovers Thematik eis hautzedaags méi beschäftegen sollt an wat fir eng Roll d’Politik heibäi spillen sollt, gëtt elo unhand vun moraleschen an ekonomeschen Aspekter ënnersicht.

 

Moralesch gesinn, muss een sech bewosst sinn, dass d’Ofdreiwung eng onnatierlech Form ass,  fir dem natierlechen Doud ze ëmgoen. Et ass eng Nuance, mee tatsächlech ass dat een Fall, wou d’Persoun(en) déi d’Entscheedung trefft/treffen, een Fall vun autoritärer Kontroll – well dat neit Liewen sech jo an kenger Hisiicht wieren kann. Am Kader vun onseree Gesellschaft an eiser biologescher Villfalt gëtt et awer Aspekter, déi d’betraffen Fra zu enger Iwwerleeung a Richtung Ofdreiwung beweegt. 

D’Fäll fir déi et een moralesch Verständnis gëtt sinn zum Beispill wann d’Liewen vum Kand, respektiv dat vun der Mamm an Gefor sinn. Och bei enger Vergewaltegung, gëtt des an eiser Gesellschaft vun der Majoritéit toleréiert. 

Op der enger Säit léisst sech diskutéieren, dat Fraen bei enger ongewollter Schwangerschaft engem immens groussen Stressfaktor ausgesat ginn. Op der anerer Säit gëtt awer behaapt, dat d’Trauregkeet ewéi och negativen post traumateschen Stress déi déi meescht Fraen no enger Ofdreiwung erleiden, mat der Zäit wechgeet. An dësem Sënn kéint een awer och argumentéieren, dat den Stressfaktor bei enger ongewollter Schwangerschaft bis zur Gebuert – no dëser Logik no – och no enger Zäit no loossen géif.

Et ass virun allem am Beräich vun den ongewollten Schwangerschaften ewéi och an den Schwangerschaften wou Geendefekter erkannt goufen, dass d’Ofdreiwung zu engem moraleschen Dilemma gëtt. Et gëtt een gewëssen Deel un Schwangerschaften déi ofgebrach ginn, well d’finanziell Moyennen net ausreechen. Virun allem zu Lëtzebuerg, wou sech alles méi verdeiert, misst een do drop méi oppassen, an den schwangeren Fraen déi ofdreiwen wëllen, ekonomesch hëllefen.

D’Adrenalin, déi jonk ADR,  vertrëtt eng Indikatiounsléisung, déi op déi éischt 3 Méint beschränkt ass, an déi z.B. am Fall vun enger Vergewaltegung oder bei Gefor fir d’Liewe vun der Mamm oder och bei schwéiere gesondheetleche Problemer vum Kand  d’Ofdreiwung erlaabt. D’Adrenalin, ewéi hier Mammepartei d’ADR, wëll och en Ausbau vun de medezineschen, sozialen a psychologesche Berodungen, déi de Fraen an aneren Ëmstänn zur Verfügung stinn.