Grondsazprogram

Wëllkomm,

Et freet ons, dass du de Wee op eise Zitt fonnt hues an dech fir eis Politik interesséiers.

 

D’ADRenalin, déi jonk ADR, steet fir eng gesond zukunftsorientéiert Politik an där mir als Gesellschaft gäre wëlle liewen. Mir sti fir eng konservativ Linn déi dem Rechtsstaat Rechnung dréit. De Respekt ënnerteneen, fir eng Gesellschaft an där d‘Meenungsfräiheet en héije Stellewäert genéisst. D‘Fundament vun eiser politescher Linn ass a bleift d’Famill, an hir Aufgaben. D’Famill ass déi éischt Instanz vu Bildung an Erzéiung an déi lescht ekonomesch Instanz, wann een duerch all gesellschaftlecht Netz gefall ass. Si ka vun Natur aus net duerch de Staat ersat ginn an all Versuch esou eng Politik gewaltsam ze erzwéngen ass mat onvirstellbare Käschten zum Scheitere verurteelt. Wéi mir trotzdeem traureger Weis musse feststellen, befanne mir eis an enger Phase vun der systematescher Dekonstruktioun vun eisem Familljemodell. Mir bréngen dat Gesellschaftsexperiment sou séier wéi méiglech op en Enn an ersetzen et duerch eng kloer Familljenorientéiert Gesellschafts- a Steierpolitik.

 

Fir d’Gesellschaft zukunftsorientéiert a progressiv opzebauen, muss ee Suerg droen, datt déi aktuell Generatioun Deenen déi nokommen och eng stabil a liewenswäert Gesellschaft hannerléisst. Fir datt mir eis héich Stellung um international kompetitiven Aarbechtsmarché kënne verdeedegen an ausbauen, reforméiere mir eise Schoulsystem sou, datt en dat individuellt Potenzial vun all Kand maximal fërdert a fuerdert.

 

Nieft der Méiglechkeet op eng optimal Ausbildung, läit déi héchste Flicht vun all Generatioun doran, d’Konsequenze vun hire Feeler net iwwert de Wee vun der Staatsverscholdung där nächster Generatioun ze iwwerloossen. Mir toleréiere keng onverantwortlech Budgetspolitik déi kuerzfristeg Wënsch zu Laaschte vun Drëtte finanzéiert. De Budget gëtt aktuell vu Volleksvertrieder gestëmmt, déi duerfir kengerlee privat Haftung iwwerhuelen. Mir verankeren d’Recht op eng populär Referendumsinitiativ iwwert de Budget vun de Gemengen, dem Staat an ëffentleche Groussbauprojete mat engem landeswäiten Impakt an der Verfassung, fir Deenen d’lescht Wuert ze ginn, déi mat hire Steieren duerfir astinn.

 

Mir sti fir eng strikt Trennung vun Asyl- an Awanderungsrecht. Den illegale Grenziwwertrëtt bedeit fir eis per se eng Strofdot déi automatesch zu enger Interdiction du Terroir féiert. Een deen zu Lëtzebuerg kriminell gëtt ouni legal hei gewunnt ze hunn, geet an deem Land an de Prisong, wou e fir d’lescht gemellt war. Wie politesch verfollegt ass oder aus engem Krichsgebitt flücht an d’Konditioune vun der Genfer Konventioun erfëllt, heesche mir häerzlech wëllkomm. Genausou all déi Leit, déi legal op Lëtzebuerg awandere fir sech hei aus eegener Leeschtung eng Existenz opzebauen.

 

Dee kënschtlech opgeblosenen, onkontrolléierte Wuesstem verstoppt eis Stroossen, dreift ëmmer méi Bierger an d’Wunnengsnout a féiert duerch déi massiv Inflatioun déi e verursaacht zur Veraarmung vu breede Gesellschaftsschichten. Mir sti fir de Wuesstem am klassesche Sënn vun ekonomeschen, technologeschen a wëssenschaftleche Fortschrëtt dee liberal mat klore Verantwortlechkeeten iwwert de Maart gesteiert gëtt a vun deem jiddereen dee sech dru gëtt, profitéiere kann.

 

Du fënns dech an eisen Iddie rëm a wëlls un dësem flotte Projet matschaffen? Da gëff Member bei der ADRenalin.

   Familljepolitik

Eng staark Famill ass den Garant vir eng staark Gesellschaft.

   Educatiounspolitik

Eng zukünfteg Generatioun déi een staarken an héich qualitativen Schoulsystem duerchlaaf huet brauch sech net ze verstoppen an dréit automatesch zum wirtschaftleche Wuesstem vum Land bäi.

   Finanzpolitik

En Verantwortungsvollen Emgang mat den Staatsfinanzen, der Verschëldung garantéiert den zukünftegen Generatiounen och nach en Land virzefannen déi eng Gesellschaft bitt déi vir Liewensqualitéit steet.

   Bevölkerungswuestëm

Kontrolléierten Wuestëm an deem legal Immigratioun souwuel wéi och d’Flüchtlingsimmigratioun dem geltenden EU-Recht applizéiert gëtt suergt dofir dass jiddereen an eisem Land sech gerecht entfalen kann. Immigratiouns-Mëssbrauch gëtt vun äis net toleréiert.

Grondsatzprogramm

Eng staark Famill ass den Garant vir eng staark Gesellschaft

En Verantwortungsvollen Ëmgang mat den Staatsfinanzen, der Verschëldung garantéiert den zukünftegen Generatiounen och nach en Land virzefannen déi eng Gesellschaft bitt déi vir Liewensqualitéit steet.

Eng zukünfteg Generatioun déi een staarken an héich qualitativen Schoulsystem duerchlaaf huet brauch sech net ze verstoppen an dréit automatesch zum wirtschaftleche Wuesstem vum Land bäi.

Kontrolléierten Wuestëm an deem legal Immigratioun souwuel wéi och d’Flüchtlingsimmigratioun dem geltenden EU-Recht no applizéiert gëtt suergt dofir dass jiddereen an eisem Land sech gerecht entfalen kann. Immigratiouns-Mëssbrauch gëtt vun äis net toleréiert.

Zukunftsprogramm

Eng staark Famill ass den Garant vir eng staark Gesellschaft

Positounen

Eng staark Famill ass den Garant vir eng staark Gesellschaft