Grondsatzprogramm

Wëllkomm,

Et freet ons dass du den Wee op onsen Site fonnt hues an dech vir ons Politik interesséiers.

D’Adrenalin, déi jonk ADR, steet vir eng gesond zukunftsorientéiert Politik an der mir als Gesellschaft gären wëllen liewen. Mir stinn vir eng konservativ Linn déi der rechtsstaatlecht Rechnung dréit. Den Respekt ënnert eneen, vir eng Gesellschaft an der d‘ Meenungsfräiheet säin Stellenwert net verléiert.
D‘Fundament vun onser politescher Linn ass an bléift d’Famill, an hier Aufgaben. D’Famill mat all hiren sozialen an edukativen Schwéierpunkten däerf net an den Abseits gedréckt gin. Wéi mer ewell trauregerweis hun mussen feststellen, befannen mer ons enger Phase vun systematescher Dekonstruktioun vun eisem Familjemodèle. Bezeechnungen wéi „Mamm“ an „Papp“ gin ersat an domat sinn déi éischt Schrëtt gedoen. Heigéint wieren mir äis als Adrenalin vehement.

Wann een well eng Gesellschaft zukunftsorientéiert an progressiv opbauen muss een dofir suergen, dass ons Generatioun oppasst, dass déi nofollgend Generatiounen och eng stabil an liewenswäert Gesellschaft virfënnt. Dass mir um kompetitiven Marché kënne mathalen muss onsen Educatiounssystem sou reforméiert gin dass mir onsen Nopeschlänner mindestens gläichstaark gëllen, wann net souguer hinnen iwwerleeë sinn.

Mee net nëmmen d’Thema Ausbildung ass dofir entscheedend mee och eng rational an verantwortungsvoll Finanzpolitik. D’Investissementer vum Staat mussen besser iwwerduecht gin an och an deem Hibléck consideréiert gin wéi eng Auswierkungen verschidden Investissementer, respektiv Verschëldungen vir des Investissementer ze realiséieren, op déi zukünfteg Generatiounen huet. Am aktuellen System vum Staat gin ëmmer méi Scholden gemaach an héchstens Zënsen dovun rembourséiert. En signifikanten Ofbau vun onsen Scholden ass leider weit an breet net ze gesinn. Mee iergendwann muss och dat zréckbezuelt gin an genee dës Aufgab fält dann deenen nächsten Generatiounen zu laascht.

Am Géigendeel zu deem wat een ëmmer héiert, dass een Rassist ass wann een bei der ADR Member ass oder souguer Rietspopulist soll sinn, deem weiderschwätzen mir op d’Äusserst.
Am Géigendeel, mir stinn vir eng gesond Immigratiounspolitik. Onkontrolléierten Wuesstem ass schiedlech vir ons Gesellschaft well d’Problemer wéi den Wunnéngsnoustand an d’Immobilienpräisbloos vir vill Leit finanziell ondrobar ass.

   Familljepolitik

Eng staark Famill ass den Garant vir eng staark Gesellschaft.

   Educatiounspolitik

Eng zukünfteg Generatioun déi een staarken an héich qualitativen Schoulsystem duerchlaaf huet brauch sech net ze verstoppen an dréit automatesch zum wirtschaftleche Wuesstem vum Land bäi.

   Finanzpolitik

En Verantwortungsvollen Emgang mat den Staatsfinanzen, der Verschëldung garantéiert den zukünftegen Generatiounen och nach en Land virzefannen déi eng Gesellschaft bitt déi vir Liewensqualitéit steet.

   Bevölkerungswuestëm

Kontrolléierten Wuestëm an deem legal Immigratioun souwuel wéi och d’Flüchtlingsimmigratioun dem geltenden EU-Recht applizéiert gëtt suergt dofir dass jiddereen an eisem Land sech gerecht entfalen kann. Immigratiouns-Mëssbrauch gëtt vun äis net toleréiert.