Skip to main content

D’Adrenalin leent eng gendersensibel Sprooch of. Wei sech eng Persoun identifizéiert ass hir
privat Saach. Dozou kënnt, datt dës gendersensibel Sprooch grammatikalesch falsch ass.
Mir sinn och dogéint fir nei Geschlechter op engem offiziellen Niveau anzeféieren.
D’Argument, datt d’Geschlecht keng Fro vun den Organer mee vum perséinleche Wëllen ass,
respektiv, datt d’Geschlecht engem soziale Konstrukt entspréngt, gesi mir als Widdersproch zu der
Biologie a maachen eis déi Iddi duerfir net zu eegen. D’Realitéit ass, datt een hautzedaags zu
Lëtzebuerg scho säi Geschlecht ewéi och säin Numm an engem offiziellen Dokument ouni een Attest
vum Dokter oder medezinesch Operatioun ëmännere kann. Leit déi un enger psychologescher
Geschlechtsentwécklungsstéierung leiden, hunn awer natierlech eise Support. Hei handelt et sech ëm
eng biologesch Konditioun déi ee genee beobachte soll. Mir als Adrenalin ënnerstëtzen eng Faktenbaséiert Kommunikatioun, a si géint een Genderwahnsinn. An eisen Aen stellt déi ganz Genderdebatt
just en Instrument duer, dat verschidde Leit benotze fir sech selwer ze stäerken andeems se eng
linguistesch Iwwerleeënheet an der ëffentlecher Ried suggeréieren. Mir mussen och feststellen, datt
eng gendersensibel Sprooch e Réckschrëtt vis-à-vis den Errongeschafte vun der Opklärung an der
moderner Wëssenschaft duerstellt. Mir sinn der Meenung, datt d’Leit wäitaus méi wichteg Problemer
am Alldag hunn (ëmmer méi deier Loyeren, steigend Energiepräisser) wei sech elo mat engem
Fantasie-Konzept vun hirem Geschlecht auserneen ze setzen. Eis Sprooch ass dat preziist Instrument
vun der Realitéit. All Versuch fir d’Sprooch mat Gewalt ëmzebauen ass een Ugrëff op eist Denken,
ewéi e schonn am Roman “1984” vum George Orwell exemplaresch duergestallt gëtt.
D’ADRENALIN fuerdert dohier:
• Staatlech Verbänn – Jugendrot, Jugendparlament ewéi och den Zentrum fir politesch
Bildung sollen sech un déi gülteg Rechtschreiwung halen.
• An de Primärschoulen soll d’Konzept vun der biologescher Fluiditéit bei Mënschen,
kategoresch ofgeleent ginn.
• An all edukativen Zenter, souwäit et zoutrëfft, soll vermëttelt ginn, datt et
bei Mënsche just eng binär Geschlechtsuerdnung gëtt.
Matgedeelt vun der ADRENALIN, den 30. Juni 2022